D‘nächst Woch soll eng weider israeelesch Delegatioun an de Katar reese fir Verhandlungen.
Iwwerdeems schléit d‘UNO neien Alarm. An der Gazasträif gëtt et en akute Mangel un Dreifstoff. Domat ass d‘Stroumversuergung a Spideeler net garantéiert, wat zur Liewensgefor fir fréigebuere Kanner an Nierepatiente ka ginn. D‘UNO an hir Partner wiere wéinst deem Manktem gezwongen, onméiglech Decisiounen ze huelen, huet den Direkter vun der Weltgesondheetsorganisatioun, Tedreos Ghebreyesus, op X geschriwwen.