Déi éischte Kéier zanter Jore war Israel och erëm am Westjordanland aktiv an huet do Attacken op Membere vun der Terrororganisatioun Islameschen Dschihad gemaach. Op d'mannst 18 Leit sinn ëmkomm, mellen déi palästinensesch Autoritéiten.
All Membere vum UNO-Weltsécherheetsrot hu sech iwwerdeems gëschter Owend an enger Sitzung hanner den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres gestallt, dee vun Israel zur "Persona non grata“ deklaréiert gouf, well hien en Dënschdeg den Owend déi iranesch Attack op Israel net direkt condamnéiert hat.
De Guterres krut de Support vun de 5 permanente Memberen, China, Frankräich, Groussbritannien, den USA a Russland, an och vun den 10 net permanente Memberen.