Radioen

On air

Concert  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel verweigert UNO-Generalsekretär d'Arees

"Persona non Grata"

Israel verweigert UNO-Generalsekretär d'Arees

Israel huet den Antonio Guterres als "persona non grata“, also als onerwënscht deklaréiert. Hien hätt d‘Attack vum Iran op Israel gëschter net onmëssverständlech verurteelt, esou den israeeleschen Ausseminister.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Luiz Rampelotto/EuropaNewswire | Luiz Rampelotto/EuropaNewswire
Foto: picture alliance / Luiz Rampelotto/EuropaNewswire | Luiz Rampelotto/EuropaNewswire

Israel huet dem Iran mat Konsequenze gedreet. Ee méiglechen Zenario kéint sinn, datt Israel déi iranesch Atomanlage géif ugräifen, esou d‘New York Times mat Verweis op een US-Responsabelen. Am Libanon wier iwwerdeems een israeeleschen Zaldot bei Kämpf gestuerwen, esou d‘Arméi.

De Moien huet Israel annoncéiert, datt weider Zaldote fir d‘israeelesch Buedemoffensiv an de Süde vum Libanon geschéckt ginn. 

Den UNO-Weltsécherheetsrot soll den Owend fir eng Drénglechkeetssëtzung zur Situatioun am Noen Osten zesummekommen. D‘italieenesch Premierministesch huet fir den Nomëtteg een Treffe vun de G7 Staats a Regierungscheffen aberuff.