Den Donneschdeg den Owend hat Israel eng grouss Loft-Attack a Süd-Libanon géint d‘Hisbollah gemaach an Honnerte Rakéite-Werfer vun der Hisbollah zerstéiert.
Den UNO Weltsécherheetsrot huet béid Säiten opgefuerdert, eng diplomatesch Léisung vum Konflikt unzestriewen. Den Owend soll den UNO Sécherheetsrot fir eng Krisesëtzung zesumme kommen.
D‘Hisbollah huet Revanche-Attacken annoncéiert nodeems dës Woch am Libanon Dausende Kommunikatiouns-Apparater explodéiert waren. Bei deenen Attacke, fir déi d‘Hisbollah Israel responsabel mécht, sinn iwwer 30 Leit ëm d‘Liewe komm an Dausende Leit goufe blesséiert.