Dës Ziler wieren an Dierfer no un der Grenz a wieren eng imminent Gefor fir d'Gemengen an Nord-Israel. D'Buedemtruppe géife vun der israeelescher Loftwaff an Artillerie ënnerstëtzt ginn, esou nach déi israeelesch Arméi.
An der libaneesescher Haaptstad Beirut kruten iwwerdeems d'Awunner aus dräi Quartiere vun Israel eng Evakuatiounswarnung: Wéinst imminenten Attacke solle si sech a Sécherheet bréngen. Déi betraffe Quartieren an der südlecher Banlieue vu Beirut gëllen als Héichbuerg vun der Hisbollah-Miliz.
Déi syresch staatlech Televisioun huet da gemellt, datt et hënt och israeelesch Loftugrëffer an der syrescher Haaptstad Damas an der Regioun ronderëm ginn hätt. Dobäi wier eng Journalistin ëm d'Liewe komm.