arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel gräift Huthi-Rebellen am Jemen un 

International

|
headphones

1 min

Israel gräift Huthi-Rebellen am Jemen un 

Den israeeleschen Defenseminister Israel Katz deelt mat, datt Israel Ziler vun den Huthi-Rebellen ugegraff hätt. Déi hunn d’Attacke vun der israeelescher Aviatioun op den Hafe vun Hodeida am Weste vum Jemen confirméiert.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa/dpa Grafik | dpa-infografik GmbH
(Foto: picture alliance/dpa/dpa Grafik | dpa-infografik GmbH)

Dem israeelesche Minister no, géifen d’Huthien dee selwechte Präis wéi d’Iraner bezuele fir Rakéitenattacken op Israel. Viséiert ware virun allem Infrastrukturen, déi dobäi hëllefe sollten, den Hafen nees opzebauen. Dee war schonn e puermol ugegraff ginn.