Bei enger israeelescher Revancheaktioun géint den Iran wëlle verschidde Länner - nämlech Jordanien, de Katar, Saudi-Arabien an déi Vereenegten Arabesch Emiraten - Israel net ënnerstëtzen. Dat mellt de Wall Street Journal.
An dëse 4 Länner sinn amerikanesch Truppe stationéiert. Déi 4 hätten der amerikanescher Regierung elo matgedeelt, datt hir militäresch Infrastrukturen an hire Loftraum weder vun den USA, nach vun Israel fir offensiv Operatioune géint den Iran genotzt dierfe ginn. Den Iran hätt de genannte Länner soss mat enger Revanche gedreet.