Westlech Länner, dorënner d'USA a Groussbritannien, hunn hir Bierger a Biergerinnen zu Beirut opgeruff, d'Stad esou séier wéi méiglech mat kommerzielle Vollen ze verloossen, esou laang déi nach funktionéieren. D'Ausseministere vum G7-Grupp vun de grousse westlechen Industrielänner hunn op enger Videokonferenz zu enger Deseskalatioun opgeruff. D'USA hunn Israel, an de Wierder vum US-Verdeedegungsminister Lloyd Austin, "eisern Ënnerstëtzung" garantéiert.
Den Iran an d'Hisbollah hu mat Attacken op Israel gedreet, nodeems d'lescht Woch de politesche Chef vun der Hamas, den Ismail Hanijeh, zu Teheran, an en héichrangegen Hisbollah Kommandant zu Beirut ëmbruecht goufen.
D'Attack zu Beirut gouf vun Israel revendiquéiert, déi zu Teheran huet Israel bis elo net kommentéiert, mee den Iran huet Israel dofir responsabel gemaach.