D‘Gespréicher, déi wuel iwwer Vermëttler, geféiert ginn, sollen Deel vun de Beméiunge sinn, op regionalem an internationalem Momentum opzebauen, heescht et weider.
Eng genee Platz fir dëst Treffe gouf nach net matgedeelt. Eng Partie israeelesch Medie mellen, datt den US-Emissär Steve Wittkoff och dobäi wäert sinn.
Däitschland wëllt sech “entscheedend engagéieren”
Vertrieder vum “Auswärtigen Amt” hu bei engem Besuch a Katar a Kuwait versprach, Däitschland wéilt sech fir den Trump-Friddensplang am Noen Osten asetzen. De Plang wier eng “eemoleg Chance” an eng “séier international Zesummenaarbecht” mat Europäeschen an arabesche Länner wier néideg, esou de Johann Wadephul um Sonndegmoien an engem Communiqué viru senger Rees an de Katar.
Et géif ëm eng Stabiliséierung vun der Regioun mat enger permanenter Sécherheet fir jiddereen, enger politescher Perspektiv fir d’Palästinenser an ëm eng Normaliséierung vun de Bezéiunge vun all de Länner zu Israel, goen.
Netanjahu hofft op séier Fräiloossung
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hofft op eng Fräiloossung an den nächsten Deeg. Dat nodeems d’Hamas de Freideg de Friddensplang vum Donald Trump deelweis akzeptéiert hat.
Um Sonndeg wäert de Johann Wadephul (CDU) mam Premier vu Katar, dem Mohammed bin Abdulrahman Al-Thani, iwwer eng direkt Fräiloossung vun de Geisele schwätzen. Et sollen ëmmer nach däitsch Staatsbierger:innen ënnert de Geisele sinn.
Xavier Bettel reest an de Kuwait
An engem Communiqué deelt de Lëtzebuerger Ministère fir auswäerteg Ugeleeënheete mat, datt de Vizepremier an Ausseminister an de Kuwait wäert reesen. Do wäert hien um zweeten héichrangege Forum fir regional Sécherheet an Zesummenaarbecht an um 29. Ministertreffen tëschent der EU an dem Golfkooperatiounsrot (GCC) deelhuelen.