arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel: Oppositioun wëllt nei Koalitioun forméieren 

Noen Osten 

|
headphones

1 min

Israel: Oppositioun wëllt nei Koalitioun forméieren 

De Chef vun enger israeelescher Oppositiounspartei huet dem Premier Benjamin Netanjahu proposéiert zesumme mat zwou aner Oppositiounsparteien, eng nei Koalitioun ze forméieren. Dës Kéier ouni déi Rietsextreem, fir eng aner Politik kënnen ze féieren, déi et géif erlaben d’Geisel ze befreien. 

headphones

1 min

© EPA/ABIR SULTAN
(Foto: EPA/ABIR SULTAN)

Am Juli hunn ultra-orthodox Parteien d’Koalitioun verlooss, an de Premier Netanjahu regéiert ouni Majoritéit.  

An Israel hu Familljemembere vun den Hamas-Geiselen op en Neits eng direkt Wafferou fir d’Gazasträif gefuerdert. D’Mamm vun enger Geisel huet virun der Entrée vum Arméihaaptquartéier zu Tel Aviv de Premier Benjamin Netanjahu dozou opgeruff, en Accord ze ënnerschreiwen. Esou kéinten nach 10 lieweg Geiselen an 18 Läichen zeréckkommen. De Ministerpresident kéint hire Bouf an déi aner Geiselen erëmbréngen.

Syrien

A Syrie sinn déi éischt Parlamentswalen zënter der Chute vum President Baschar al-Assad an dräi Provënzen aus Sécherheetsgrënn bis op Weideres verréckelt ginn. Betraff sinn d’Provënz Suwaida am Süden an d’Provënzen Hasaka a Rakka am Nordosten. 

D’Wale sollten tëschent dem 15. an dem 20. September sinn. An de genannte Provënze sollen se da sinn, wann d’Sécherheetslag et zouléisst.