Radioen

On air

Notturno  |  Julien Gasc - Amours Velours

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesche Verdeedegungsminister kënnegt laangfristeg Militärpräsenz un

Noen Osten

Israeelesche Verdeedegungsminister kënnegt laangfristeg Militärpräsenz un

Déi israeelesch Arméi soll an de besate Gebidder an der Gazasträif bleiwen, an sech net, wéi fréier, rëm zeréckzéien, dat sot den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz. D‘Arméi géif als Puffer an deene Sécherheetszone bleiwen, an dat géif net nëmme fir d‘Gazasträif gëllen, mee och fir d‘Gebidder am Libanon an a Syrien.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
(Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

D‘Hamas huet als Konditioun gestallt, nëmme weider israeelesch Geisele fräi ze loossen, wann Israel seng Truppen aus der Gazasträif ofzitt. Dat géif net geschéien, sou de Katz, a wann d‘Hamas d‘Geiselen net géif fräiloossen, da géifen déi israeelesch Zaldote weiderfuere mat den Asätz.

UNO weist sech besuergt

An och an d’Sécherheetszone géif keng humanitär Hëllef erakommen, huet den israeelesche Verdeedegungsminister matgedeelt.

Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet sech ganz besuergt gewisen iwwert déi sougenannte Sécherheetszonen, déi Israel elo op déi laang Dauer wëllt ariichten. Déi géife ronn 70 Prozent vun der ganzer Gazasträif ausmaachen. An déi humanitär Situatioun do wier sou schlëmm wéi nach ni virdrun.