Als éischt hat “The Guardian” doriwwer bericht, datt d’Greta Thunberg bei schweedesche Vertrieder schlëmm Behandlungen am israeelesche Prisong gemellt hätt. Si an aner Aktivist:innen hätte weder genuch Waasser nach Iesse kritt. Iwwerdeems gëtt vun Hautausschlag wéinst Bettwanzen geschwat an et hätt ee Medikamenter verweigert kritt.
“Wien Terror ënnerstëtzt ass een Terrorist"
Aner Aktivist:innen bezéien, datt d’Greta Thunberg un den Hoer geschleeft a geschloe gi wier. Iwwerdeems hat ee si gezwongen den israeelesche Fändel ze këssen.
Den israeeleschen Ausseministère beschreift dës Virwërf als “culottéiert Ligen”. De rietsextreme Policeminister Itamar Ben-Gvir seet allerdéngs, hie wier “stolz, datt déi Flotten-Aktiviste wéi Terrorënnerstëtzer behandelt ginn”. An engem Communiqué huet et geheescht “wien Terror ënnerstëtzt ass een Terrorist a verdéngt den Traitement, deen Terroristen zousteet.”
Vum israeeleschen Ausseministère heescht et weider, datt een “alleguer d’Rechter respektéiert” hätt an datt d’Aktivist:innen hir Expulsioun erausgezögert hätten.
De Policeminister awer sot, datt d’Aktivist:innen d’Prisongsbedingungen “däitlech solle spieren, sou datt si et sech zwee mol iwwerleeën fir Israel namol no ze kommen”.
Lëtzebuergerin nach an Israel
Déi israeelesch Marinn hat e Freideg dat lescht vun am Ganzen 42 Schëffer vun der Global Sumud Flotilla gestoppt. Méi wéi 400 Memberen aus Dosende Länner goufe festgeholl, dorënner och d’Greta Thunberg an eng Lëtzebuerger Aktivistin.
D’Aktivist:innen wollten, eegenen Aussoen no, Hëllefsgidder an d’Gazasträif bréngen. Israel behaapt, ugebueden ze hunn d’Hëllefsgidder iwwer Land an d’Gazasträif ze bréngen. D’Aktivist:innen hätten dat ofgeleent, mat der Begrënnung datt d’Blockad vun Israel géint d’Vëlkerrecht verstéisst.
Um Samschdegmëtteg goufen 137 Aktivist:innen an d'Tierkei expulséiert. D’Lëtzebuergerin Nora Fellens-Huberty ass net dorënner, dat hat d’Organisatioun March to Gaza Luxembourg confirméiert.
Um Sonndeg soll e weidere Fliger mat 29 Aktivist:innen a Richtung Madrid geflu sinn. D'Lëtzebuergerin soll net u Bord sinn, seet de Patrick Bosch vu March to Gaza Lëtzebuerg.
Och si hätte vun de Mëssbrauchsberichter heieren - awer net vun direkten Zeien. Si géifen deemno waarde bis alleguer d'Aktivist:innen zeréck wieren.