En Auto wier viséiert gewiescht. Israel schwätzt vun enger geziilter Aktioun géint arméiert Terroristen. Dat israeelescht Militär hat virdrun d'Flüchtlingslager vu Faraa attackéiert. D'Militäraktioun am Westjordanland leeft zanter dem 28. August.
D'Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International geheit Israel iwwerdeems grav Verstéiss géint Zivilpopulatioun an der Gazasträif vir. Nodeems den Oste militäresch kontrolléiert gi wier, wieren Haiser a Felder muttwëlleg zerstéiert ginn. D'Schafe vun enger sougenannter Pufferzon tëschent Israel an der Gazasträif wier e Krichsverbriechen an eng Enquête misst lancéiert ginn.