D’israeelesch Arméi huet am Süde vun der Gazasträif eng “humanitär Schutzzon” ageriicht. D’Gebitt ronderëm Al-Mawasi (no bei Chan Junis) hätt eng humanitär Infrastruktur wéi limitéiert medezinesch Versuergung, Waasserleitungen an Entsalzungsanlagen. Dat deelt een Arméisspriecher op X mat. Iwwerdeems soll humanitär Hëllef kënnen dohi geliwwert ginn.
D’Palästinenser aus der Stad Gaza goufen dozou opgeruff sech esou séier wéi méiglech dohinner ze deplacéieren.
"Humanitär Zon" iwwerfëllt an ongenügend
Déi israeelesch Arméi hat dëst Gebitt schonn am Dezember 2023 zu enger “humanitärer Zon” erkläert.
D’Zon gëllt elo schonn als komplett iwwerfëllt. Der UN no, waren am Juni dëst Joer do op enger Fläch vun 9 Quadratkilometer 425.000 Mënschen.
An de leschten Deeg hu sech d’Loftattacken op Gaza verstäerkt. Schätzungen no, sollen an der Stad Gaza knapp eng Millioun Mënsche sinn. Manner wéi 100.000 Leit hu bis elo d’Stad verlooss.