30 aner Schëffer géife weiderfueren, esou heescht et vun der Organisatioun Global Sumud Flotilla, déi d'Initiativ an d'Liewe geruff huet.
An der Nuecht op en Donneschdeg huet déi israeelesch Marine, d’Flott gréisstendeels ofgefaangen a se doru gehënnert weider Richtung Gaza ze fueren.
D’Boot Mia Mia, op dem och eng Lëtzbuergerin ass, schéngt och ofgefaang ginn ze sinn. Zënter 6 Auer de Moien hätt een de Kontakt mam Boot verluer, esou de Patrick Bosch.
Dat lescht wat een héieren hätt, wier datt israeelesch Booter d’Boot mat der Lëtzebuergerin ëmkreest hätten.
An engem Communiqué deelt den Ausseministère mat, datt een d’Situatioun géif am A halen a fuerdert Israel dozou op d‘Sécherheet vun de Participante sécherzestellen, vu Gewalt ofzegesinn an d’konsularescht Recht vun de Leit ze respektéieren.
D'Organisatioun Global Sumud Flotilla schwätzt vun enger illegaler Attack géint net-arméiert Persounen. Aus Lëtzebuerg gëtt déi Aktioun vum Global Movement to Gaza ënnerstëtzt.
An engem Communiqué schreiwe si, datt nach eng Persoun vun hinne mat engem Schëff ënnerwee ass. Si appelléieren zu enger spontaner Manifestatioun den Donneschdegmëtteg virum Ausseministère.
Zu Roum koum et iwwerdeems um Mëttwoch zu Protester op der Haaptgare an och an de Metrosstatiounen. D'Demonstrantinnen an d'Demonstranten hunn hirer Regierung virgehäit net solidaresch mat den Aktivistinnen an Aktivisten ze sinn.
Och zu Neapel, Mailand an Turin goufen et esou Manifestatiounen.