Dëst well si un e Präis vu 25 Euro de Meterkaree gebonne wieren. D'Jugend- an Drogenhëllef wënscht sech, datt dee Plaffong vum Staat eropgesat an also un den Index ugepasst gëtt,
Eng weider Erausfuerderung wier och, datt Populatioun an d'Gemengen nach ëmmer verschidden Ängschten a Virurteeler hätten, sou Directrice Ute Heinz. Ëmmer méi Leit zu Ettelbréck wieren an enger prekärer Situatioun oder géifen Droge konsuméieren.
„Wann d'Proprietären héieren, do kënnt d'Jugend- an d'Drogenhëllef an wëll lo e Service opmaachen, fir Persounen, déi drogenofhängeg sinn, dann hu si Zenarien am Kapp vum Konsumraum an der Stad. Si denken u Squatten, si denken un den Abrigado, si denken einfach un d‘Zeen an der Stad. An dat sinn natierlech Zenarien, déi kee wëll."
Dobäi kéim och, datt ee weidert Personal bräicht fir de Programm am Norden ëmzesetzen an datt d’Kommunikatioun ronderëm de Substitutiounsprogramm misst verbessert ginn.
Am Kader vun deem Programm kënne staark Heroin-ofhängeg Persounen entweder Methadon oder medezineschen Heroin an engem encadréierten Ëmfeld anhuelen.