Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Tame And The Wild - Windstill

play_arrow Live
search

/ Michèle Bressanutti: 1.300 Kanner sinn a Fleegefamillen oder a Strukture placéiert

Office national de l'Enfance

Michèle Bressanutti: 1.300 Kanner sinn a Fleegefamillen oder a Strukture placéiert

Zu Lëtzebuerg ginn et wäit iwwert 1.300 Kanner déi aus hirer biologescher Famill erausgeholl an an eng Fleegefamill oder enger Fleegestruktur placéiert goufen. A 70 Prozent vun de Fäll hëlt de Jugendschutz déi Decisioun, erkläert d‘Michèle Bressanutti.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Michèle Bressanutti, Direktesch vum Service national de l'enfance play_arrow
Michèle Bressanutti, Direktesch vum Service national de l'enfance

Lauschterenplay_arrow

Mat der geplangter Reform vum Jugendschutz hofft d‘Michèle Bressanutti, Direktesch vum Office National de l‘Enfance, datt deen Taux vun de judiciaire Placementer ka reduzéiert ginn. Si begréisst, datt d’Regierung verstäerkt op de präventive Volet géif setzen. 

Iwwer d‘Elterefore kënnen d‘Eltere schonn deelweis virun der Gebuert vum Kand sensibiliséiert ginn. Esou kënne Problemer och séier erkannt ginn. D‘Bedeelegung vun de Famille wier ee wichtegt Thema, betount d‘Michèle Bressanutti.

"Famillen, déi och an Decisiounsprozesser mat abezu ginn, fir datt ebe sou wäit wéi et méiglech ass, an ëmmer ënner der Garantie, datt d'Sécherheet vum Kand gewährleistet bleift, d'Kanner kënnen an hirer Herkunftsfamill bleiwen."

Gréissten Trauma entsteet, wann d'Kanner aus der Famill erausgeholl ginn

Nëmme wann d'Sécherheet vum Kand net méi ka garantéiert ginn, soll et zu engem Deplacement kommen. De gréissten Trauma wier fir déi betraffe Kanner nämlech, wa si missten hir Hierkonftsfamill verloossen, betount d’Michèle Bressanutti.

"Souguer Kanner, déi mësshandelt ginn doheem, erliewen d'Trennung vun hiren Elteren ëmmer als en Trauma."

Dofir misst och d’Zil ëmmer bleiwen an der Betreiung, datt e Kand zeréck bei seng Famill kéint.