Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Marías - Run Your Mouth

play_arrow Live
search

/ Eege Wunneng: Jonker profitéiere vill vu familiärer Hëllef

Logement

Eege Wunneng: Jonker profitéiere vill vu familiärer Hëllef

Lëtzebuerg suergt an der Grenzregioun mat sengen héijen Immobiliepräisser fir Spannungen. Dat steet an enger neitster Note vum Observatoire de l’habitat, déi sech mat de Logementskäschten am Grand-Duché an an eisen 3 Nopeschlänner befaasst. A wat den Accès zur eegener Wunneng bei Jonken ugeet, huet den Observatoire en interessante Constat gemaach.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
D'Constance Uyttebroukvum vum Observatoire de l'habitat. (Foto: Jo Diseviscourt)

Hei am Land leien d’Präisser - beispillsweis an der Stad a ronderëm - bei iwwer 10.000 Euro de Meterkaree. A Frankräich situéieren se sech iwwerdeems bei 1.800 Euro de Meterkaree a Loutrengen, an iwwer 3.500 Euro sinn et méi no un Grenz.

Virun allem Jonker hunn ëmmer méi Schwieregkeeten, sech eng Wunneng ze leeschten. An deem Zesummenhank huet den Observatoire awer een intressante Constat gemaach. Een Drëttel vun de jonke Proprietären huet fir hir eege Proprietéit Hëllef vun der Famill kritt. Do gëtt et eng grouss Diskrepanz, jee no Background, sot d'Constance Uyttebroukvum vum Observatoire am 100,7-Interview.

"C'est-à-dire que quand vous regardez les jeunes Luxembourgeois dont au moins un parent est né au Luxembourg, donc parmi les 19, 30, 50, toujours, il y en a 42 qui sont propriétaires. Cette proportion elle tombe à 7 si on regarde des personnes avec une nationalité en dehors de l'Union Européenne et avec des parents nés à l'étranger."

Datt de Wunnengsmaart staark ënner Drock steet, dat géif virun allem kloer ginn, wann ee Lëtzebuerg mat den Nopeschlänner wéi Belsch a Däitschland vergläicht.

"C'est qu'entre 2012 et 2022, alors qu'il y a une baisse des taux d'effort qui est observée en Belgique et en Allemagne, au Luxembourg, malgré une augmentation substantielle des niveaux de vie en particulier pour les locataires, mais les taux d'effort ont aussi augmenté à la fois pour les propriétaires avec emprunt et pour l'ensemble des locataires."

Lauschterenplay_arrow