Hei géifen d’Kannerrechter um Spill stoen. D’Kanner hätten ee Recht fir informéiert ze ginn an d’Schoul géif d’Kanner op d’Liewen dobausse virbereeden.
"Ee groussen Ënnerscheed"
Hirer Meenung no ass d‘Petitioun doduerch enstaanen, datt d‘Leit sech Suerge maachen ëm déi fréi Sexualiséierung vu Kanner.
„D’Contenue vun LGBTQI heescht net mir sexualiséieren d’Kanner. Mir kläre se op. Dat ass ee groussen Ënnerscheed.“
D’Ursaach vun enger fréier Sexualiséierung vu Kanner gesäit d’Susanna van Tonder éischter bei der Digitalisatioun. 80 Prozent vun de Kanner ënner 15 Joer wiere scho mat pornographeschem Inhalt confrontéiert ginn, ënnersträicht d’Presidentin vum CET. Dofir wier Opklärung wichteg.
Vill Affer melle sech net no Diskriminatioun
D’Fäll vun Diskriminatioun hei am Land huelen iwwerdeems zanter Joren zou. Fir d’lescht (2022) huet de Centre d’Egalité de Traitement eng 240 Dossieren traitéiert. Allerdéngs géifen Affer zum Deel zécke fir sech ze mellen, well si sech no enger Diskriminatioun dacks selwer d’Schold dru géife ginn.
Dobäi kënnt datt et relativ wéineg Geriichtsurteeler hei am Land wéinst Fäll vun Diskriminatioun ginn.
"Mir mussen drun denken, Geriichtsprozeduren dauere Joren deelweis. An dat matzemaachen, wann ee souwisou schonn an enger relativ labiller Lag ass, dat ass schwiereg."
Vill Leit géifen déi entspriechend Anti-Diskriminéierungs-Gesetzer éischter als symbolesch empfannen, seet d‘Susanna van Tonder.
Kompetenze vum CET stäerken
Dofir misst de CET méi Pouvoir kréie fir kënnen ze intervenéieren.
„Mir als CET mussen de psychologeschen Deel kënnen ofdecken. An dofir wëll ech a menger Presidence och kucken, datt mir ee psycho-edukative Member kréien am Personal.“
Ee Gesetzesprojet iwwer d’Stäerke vum legale Kader an de Kompetenze vum CET ass an der Maach. Wéini dat a Kraaft triede soll, konnt d’Susanna van Tonder awer nach net soen.