De Phänomen ass ënner Ultracycliste bekannt a gefaart. En ass net onbedéngt mat grousser Péng verbonne, mee féiert dozou, datt een de Kapp net méi richteg gehuewen a gedréint kritt.
D'Zil war de Weltmeeschtertitel
Bis elo war de Ralph Diseviscourt dovu verschount bliwwen. Hätt hie mat Muskulatiounstraining am Virfeld eventuell kënne verhënneren, datt et esou wäit kënnt?
"Wéi d'Cyclisten esou oft: An de Fitnessstudio goen ass bei deene meeschten net esou un der Dagesuerdnung. A genau esou ass et och bei mir. Mee ech mengen, dat ass sécher, dass ee misst méi reegelméisseg a säin Trainingsprogramm abauen, fir effektiv Stabilisatiounsübungen ze maachen. Dat ass eng Léier, déi ech draus wäert zéien, an an Zukunft och wäert dorunner schaffen: Eng Léier fir d'nächst Kéier."
Datt hien no 2.500 vun 3.600 Kilometer huet misse vum Vëlo klamme wier eng grouss Deceptioun gewiescht, sot hien am 100,7-Interview.
"Ech mengen, wéi ëmmer ginn ech bei sou Coursen och un den Depart fir e gutt Resultat ze maachen. Hei war ganz kloer d'Zil, de Weltmeeschtertitel ze kréien.
Enn vun der Saison
De Plang wier souwäit och gutt opgaangen, sot den "Dizzy". Den Départ "bescheiden ugoen, a Kräfte spueren duerch d'Bierger, fir duerno op deene leschten 1.500 bis 1.600 Kilometer dann ze attackéieren."
An effektiv, ier d'Problemer mat der Nuque komm sinn, konnt de Ralph Diseviscourt an enger Etapp 40 Kilometer ophuelen op seng direkt Konkurrenten, déi dee Moment eng 70 Kilometer viru him waren.
Wat als nächst fir den Ultracyclist um Programm steet, konnt de Ralph Diseviscourt nach net soen. Sécher ass awer, datt no sou enger ustrengender Course (och wa se ne top en Enn gefuer konnt ginn), d'Saison elo fäerdeg ass.