Sëtzt de CEO vun der CMCM, de Fabio Secci nach fest am Suedel? Jo, mengt de Gilbert Goergen. De Conseil hätt déi lescht Wochen a Méint kënnen analyséieren, wat virdrun alles geschitt war.
Et gëtt Stëmmen déi mengen, ouni de Gilbert Goergen, wier de CEO fort.
„Dat kéint ganz gutt sinn, mee dat wier awer och trotzdeem ganz schwéier ze maache gewiescht, well da muss een och Argumenter hunn. An déi Argumenter hu fir mech op jidde Fall gefeelt.“
En Deel vun de contestéierte Statute goufe scho geännert
Iwwerdeems weist de President vun der CMCM drop hin, datt seng Organisatioun deen Deel vun hire Statuten, dee vum Assurance-Verband ACA kontestéiert gi war, schonn 2022 geännert hätt.
Onofhängeg dovu mengt de Gilbert Goergen awer, déi bescht Léisung wier, d’CMCM géif den Agrement nei ufroen. Do géif de Ball awer beim Ministère leien.