Déi Staate kréien deemno keng Sue méi aus dem Lëtzebuerger Budget iwwerwisen, Projete vun ONGen an deene Länner ginn awer weider mat ëffentleche Gelder co-finanzéiert. An dat wier och batter noutwenneg, seet den Didier Kienou. Hien ass de Vertrieder vun der Lëtzebuerger ONG “Le Soleil dans la Main” am Burkina Faso.
E gudden Drëttel vun den 110 Millioune Leit, déi am Kär vun der Sahelzon liewen, ass op humanitär Hëllef ugewisen. An deene méi wéi 30 Millioune Mënschen (dorënner vill Kanner) sollt een d’Hëllef och net verwieren, just well se vu Militärregimmer, déi sech un d’Muecht geputscht hunn, regéiert ginn. Dat seet den Didier Kienou am 100,7-Interview, hien ass de Vertrieder vun der Lëtzebuerger ONG “Le Soleil dans la Main” am Burkina Faso.
Datt d’Lëtzebuerger Regierung déi direkt Hëllef fir säi Land gestoppt huet, wollt hien net kommentéieren. Hie sot just:
«Ne laissons personne de côté. Si une décision politique doit engendrer l’abandon de populations parce que ces populations sont gouvernées par un régime militaire, je pense qu’’il y a un souci. Retenons donc juste le fait qu’il ne fait laisser personne de côté.»