Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ David Wagner: Regierung vum politesche Réckschrëtt

CSV-DP Koalitioun

David Wagner: Regierung vum politesche Réckschrëtt

D‘CSV-DP Regierung hätt bis elo eng "ganz holpreg Aarbecht" gemaach. Dat seet den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D'Budgets-Rapportrice Corinne Cahen vun der DP presentéiert de Mëtteg an der Chamber hire Rapport iwwert de Budgetsprojet fir 2025. De Schwéierpunkt an hirem Rapport ass déi Kënschtlech Intelligenz.

Am Virfeld dovu beschreift den David Wagner d‘CSV-DP Koalitioun als "Regierung vum politesche Réckschrëtt".

"D'CSV ass jo eng Partei, déi e bëssen den Usproch huet, ëmmer vun der ganz grousser Seriositéit. Dat sinn déi gro Männer mat de Brëller, déi richteg mat Zuele kënnen ëmgoen. An duerno mierkt een dann, datt et awer e bësse speziell ass."

Datt d‘Steiertabell nach eemol un d‘Inflatioun ugepasst gëtt wier den "service minimum", fënnt den Deputéierte vun Déi Lénk.

"Mir schwätzen zum Beispill och vum Mindestloun, wou jo och do eppes gestëmmt ginn ass d'lescht Woch, d'Defiskaliséierung och vum Mindestloun, wou mir soen, Nee, de Problem läit jo net bei der ze schwéierer Besteierung vum Mindestloun, à la limite, mir hu se och matgestëmmt."

Fir Déi Lénk misst de Mindestloun erhéicht ginn. Déi richteg Sozialpolitik wier eng vun der Gerechtegkeet an der Ëmverdeelung. Et géif een net gesinn, datt d'Regierung an déi Richtung wéilt goen.

Lauschterenplay_arrow