Radioen

On air

Notturno  |  Leon Ware - What's Your Name

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Patronat fuerdert nach méi laang Ouvertureszäiten

Commerce

D'Patronat fuerdert nach méi laang Ouvertureszäiten

Knapps huet de Wirtschaftsminister Lex Delles seng Pläng annoncéiert, fir d’Ouvertureszäiten am Commerce ze liberaliséieren, fuerdert d’Patronat eng weider Erweiderung, fir datt de ganzen Dag kéint geschafft ginn. Den aktuelle Gesetzesprojet gesäit vir, datt Betriber vu 5 Auer moies bis 10 Auer Owes - a Weekends bis 7 - kënnen opbleiwen.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

play_arrow
Den UEL-President Michel Reckinger (Foto: Chris Zeien)

Fir de President vun der UEL, Michel Reckinger, wier et och am Interessi vun de Salariéen, datt e Buttek och zum Beispill Nuets kéint ophunn. Doduerch géifen ënnert anerem nei Aarbechtsplaze geschafe ginn.

De Salarié hätt haut och ganz aner Virstellunge wéi nach am leschte Joerhonnert.

"Ech menge mir hunn haut ganz vill franséisch Mataarbechter, déi hätte gären de Mëttwoch fräi. Mir hu moslemesch Mataarbechter, déi hätte léiwer gär de Freideg, déi kënne mam Sonndeg näischt ufänken. Do gëtt et ee Ramadan, an dat mierken ech bei mir, déi wëllen do gären aner Stonne schaffen. An do musse mer einfach de Leit an de Betriber d'Méiglechkeet ginn, fir dat tëschent Patron a Salarié ze diskutéieren, fir do eng Flexibilitéit fir alleguerten erauszefannen. Dat ass d'Realitéit haut vum Terrain."

De ganzen Interview mam Michel Reckinger

Lauschterenplay_arrow