Radioen

On air

Trendscheif  |  Megan Thee Stallion - COBRA

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Erhéije vun Präisser fir Bréiwer: Entreprisen éischter Betraff, wéi d'Bierger:innen

Post

Erhéije vun Präisser fir Bréiwer: Entreprisen éischter Betraff, wéi d'Bierger:innen

Wéinst den erhéichte Personalkäschten an Energiepräisser muss d‘Post op den 1. Februar d‘Präisser vun de Bréiwer eropsetzen. Dat erkläert den Direkter vun der Post, de Claude Strasser. Dës Hausse vun 20 Cent dierft Bierger:innen awer net ze vill treffen.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Op Mëttelgrouss a grouss Entreprise dierft dat allerdéngs een Impakt hunn, dees ass sech de Claude Strasser bewosst. Dat sinn déi, déi vill Volume verschécken.

"Et ass legitim, datt jiddweree sech d'Fro stellt, schéckt ech nach eppes iwwer Pabeier oder ginn ech de Wee vun der Digitaliséierung? Dat ass esou e bëssen e Schnéiball-Effekt, dat ass richteg."

De Pabeier hätt awer nach ëmmer seng Dosinnsberechtegung, betount de Claude Strasser.

De Courrier mécht just nach 10 Prozent vum Chiffres d’Affaires vun der Lëtzebuerger Post aus. Iwwert déi lescht 10 Joer gouf et bei der renger Bréifpost e kontinuéierleche Réckgang, zäitgläich gouf et bei de Päck awer eng deels exponentiell Hausse. De Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post rechent fir dëst Joer nees mat enger Hausse vu 15 Prozent, spréch iwwer 8 Millioune Päck déi d’Post hei am Land verdeelt.

Opträg mat grousse Clienten: Net vill Spillraum fir ze verhandelen

Ee vun de gréisste Cliente vun der Post an deem Beräich ass, net iwwerraschend, d’Onlinehandelsplattform Amazon. De Konkurrenzkampf um Marché fir déi Opträg ze kréien ass awer ganz grouss, deemno ass de Spillraum, fir eege Konditiounen ze stellen, kleng.

"Et muss ee scho soen, datt déi Distributioun no ganz professionelle Krittären ofleeft an do eigentlech de Präis sécher ee wichtegt Element ass, mee mindestens sou wichteg ass awer d'Qualitéit an der Distributioun, notamment bei deem doten Acteur."

Fir de Claude Strasser ass dat op d‘mannst genau sou wichteg, wéi de Präis selwer.