Radioen

On air

Thé Dansant  |  Otis Redding - Stand By Me

play_arrow Live
search

/ Copas: Fleegepersonal och am Reservoir vun de Refugiéë sichen

Fleegesecteur

Copas: Fleegepersonal och am Reservoir vun de Refugiéë sichen

Am Fleegesecteur ginn an den nächste 5 Joer eng 900 nei Leit gebraucht. Op enger table ronde mat Vertrieder aus dem Secteur gouf d‘lescht Woch iwwer Léisunge gesicht. Ënnert anerem gouf hei iwwert eng méi enk Zesummenaarbecht mat der ADEM diskutéiert, fir demandeurs de protection internationale ze rekrutéieren.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Pierre Jaeger play_arrow
De PIerre Jaeger ass de President vun der COPAS.

Fir de President vun der COPAS Pierre Jaeger wier dat eng Méiglechkeet fir qualifizéiert an och manner qualifizéiert Personal ze fannen. Mee dës Mesure géif och reglementaresch a juristesch Problemer mat sech bréngen. Zum Beispill um Niveau vun den Autorisatioune wéi dem droit d'exercer. "An dat ass natierlech net elo un der Copas, fir do Solutiounen ze fannen".

D'Regierung wier sech der Problematik awer och bewosst a wier gewëllt fir Méiglechkeeten ze sichen, fir an deem Reservoir Leit ze fannen, sou de Pierre Jaeger.

Quereinstieg a Karriärswiessel als méiglech Pisten

Et gëtt aktuell iwwer Pisten nogeduecht, fir d’Beruffsspart nees méi attraktiv ze maachen. Beruffer, déi immens valorisant wieren, huet de Chef vum Daachverband vun de Prestatairen aus dem Secteur betount. Dofir misst bei deene Jonken, déi hire Beruff eréischt wielen, Sensibiliséierungsaarbecht gemaach ginn. Donieft misst och analyséiert ginn, wéi een déi aktuell Karriär besser kéint ënnerstëtzen oder och matenee verbannen.

Et misst een aus dem Silodenken erauskommen „wou mer soen, eng Infirmière mécht déi dote Karriären, eng aner mécht déi dote Karriär“.

Donieft misst een och iwwer d‘Méiglechkeet vu Quereinsteiger diskutéiere fir dem Manktum e Personal entgéint ze wierken.

Lauschterenplay_arrow