An der Gemeng Conter gouf et an de leschte Méint eng sëllege Virwërf wéinst Mobbing an engem toxeschen Aarbechtsklima. Notamment d'Gewerkschaften FGFC an OGBL haten déi Ëmstänn staark kritiséiert.
D'Reaktioun vun de Personaldelegatiounen
D'Buergermeeschtesch huet am 100,7-Interview déi Virwërf awer zeréckgewisen. Net emol d'Personaldelegatioun wier aktiv ginn. Vun där Säit wier "ni eppes komm", esou d'Marion Zovilé-Braquet.
"Ech mengen, wann esou schlëmm Mëssstänn wieren, oder esou en toxescht Klima gewiescht wier, an esou vill Leit gemobbt gi wieren, wéi dann do ugedeit ginn ass oder ënnerstallt ginn ass, da wier scho laang ee vun der Personaldelegatioun un de Schäfferot eruntrieden."
De Géigendeel wier de Fall gewiescht, esou d'Buergermeeschtesch. Eng vun den zwou Personaldelegatiounen hätt scho fréi ee schrëftlecht Statement gemaach, andeem si sech vun allem distanzéiert hätt, a wou och d'Tatsaach kritiséiert gouf, datt déi ganz Affär ëffentlech ginn ass.
Den OGBL hat an engem Communiqué Mëtt Januar vu Mobbing an der Gemeng geschwat an d'CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet direkt zitéiert. Dat nodeems e laangjärege Mataarbechter am Dezember zejoert entlooss ginn an eng OGBL-Delegéiert aus hirem Déngscht enthuewe gi war. An engem rezente Schreiwes widderspriechen d'Mataarbechter:innen vum Gemengenatelier deene Behaaptungen a soen, datt zanter dee bestëmmte Mataarbechter net méi do wier, d'Aarbechtsklima sech däitlech verbessert hätt.