Et gouf eng Gespréichsoffer vun de Patriote fir Europa, där neier Fraktioun zu där ënner anerem déi ungaresch Fidesz an de franséische Rassemblement National gehéieren. Dat huet de Fernand Kartheiser confirméiert.
Déi Offer géif hien och net ausschloen. Mee den neie Lëtzebuerger Europadeputéierten huet ganz kloer Virstellungen, a wéi eng Fraktioun et soll goen.
"Mir sinn als ADR scho ganz laang bei der ECR. Et ass u sech ee Grupp, wou mir eis wuel fillen. A wa sech elo politesch näischt ännert, gesinn ech och kee Grond, fir dat iergendwéi a Fro ze stellen."
ECR: Eng "ganz moderat konservativ" Famill
D’Grënnung vun där neier Gruppéierung vum Viktor Orbán, de Patriote fir Europa, wier awer och fir hien onerwaart komm.
"Mir woussten net, wéi den Här Orbán sech géing decidéieren, wat elo d'Iddi wier. Et muss een allerdéngs och kucken, datt dat elo eng nei Formatioun ass, wou nach programmatesch Onsécherheete sinn a wou sech och ganz vill Leit an Europa zesummefannen, déi alleguer eng ganz staark Perséinlechkeet an eng staark politesch Linn verfollegen."
Ob déi elo wierklech kohärent zesummenhale géingen, dat ass eng vun de Froen, déi den neien Europadeputéierte sech déi nächst Méint a Joren iwwer stelle wäert.
D'ECR wier iwwerdeems eng ganz moderat konservativ Famill. An et wier interessant ze kucken, wéi sech déi verschidde Familljen entwéckele géingen, esou nach den ADR-Politiker.