Als Sécherheets-Conseiller wäert de Jacques Thill all Dossiere koordinéieren, déi mat der Sécherheet ze dinn hunn – dorënner Dossieren a Relatioun mam Haut-Commissariat à la protection nationale, mam Geheimdéngscht, a mat der Weltall-Politik.
Decidéiert gouf och, datt den aktuelle Chef de Cabinet Michel Scholer vum 1. Mee u Generalsekretär vun der Regierung gëtt. Hien ersetzt do d‘Christine Goy, déi zeréck an den Ausseministère geet.
Op sengem neie Poste wäert de Michel Scholer déi aktuell Haapttâchë vum Chef de Cabinet weider iwwerhuelen. De Poste vum Chef de Cabinet gëtt dann awer ofgeschaaft. An Zukunft wäert de ganze Cabinet de Premier strategesch beroden, esou d‘Schreiwes vum Staatsministère.