arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Informéiert de Premier d’Chamber iwwer d’Sozialronn?

Oppositiounsfuerderung

|
reading time

1 min

Informéiert de Premier d’Chamber iwwer d’Sozialronn?

D’Regierung kann d’Entwécklungen am Sozialdialog net weider fir sech halen, esou d’Oppositioun. Dowéinst gëtt eng Chamberssitzung à huis clos gefuerdert.

reading time

1 min

De Xavier Bettel an de Luc Frieden no der 2. "Sozialronn" de 14. Juli 2025 | © Sté Bisenius
De Xavier Bettel an de Luc Frieden no der 2. "Sozialronn" de 14. Juli 2025 (Foto: Sté Bisenius)

No der gemeinsamer Sitzung vun de Chamberkommissioune Santé an Travail um Mëttwoch hunn d’Deputéiert bedauert, datt si näischt weider iwwer déi sougenannte Sozialronn vun de Méindeg gewuer gi sinn. D’Regierung an d’Sozialpartner hate sech jo deen Dag eng zweete Kéier fir Diskussioune gesinn. D’Suite vun de Gespréicher soll den 3. September sinn.

Ob et zu enger Chamberssitzung à huis clos kënnt, géif dëse Freideg am Regierungsrot beschwat ginn, esou um Mëttwoch d’Ministerin Martine Deprez (CSV).

Déi politesch Sensibilitéit déi gréng hat um Dënschdeg gefuerdert, datt de Premier Luc Frieden (CSV) an d’Chamber soll goe fir de Point iwwer d’Verhandlunge mat de Sozialpartner ze maachen.