arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Véier politesch Prioritéite fir d'ADR

ADR-Fraktioun

|
reading time

2 min

Véier politesch Prioritéite fir d'ADR

D’ADR-Fraktioun wëllt an de Beräicher Pensiounsreform, Famill, Alphabetiséierung op Franséisch, a Stäerke vun der direkter Demokratie verstäerkt aktiv ginn. Dat huet hire President Fred Keup ugekënnegt.

reading time

2 min

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

D’ADR wëllt an den nächste Méint a véier Beräicher verstäerkt politesch aktiv sinn. Dat sot de Fraktiounspresident vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei um Freideg virun der Press.

Engersäits ass dat d’Pensiounsreform, bei där et néideg wier, séier ze handelen. D’ADR-Fraktioun ass fir eng Erhéijung vum Pensiounsantrëttsalter.

Zweet politesch Prioritéit wier d’Famill. De Fred Keup fuerdert, datt bei der Individualiséierung vun der Besteierung och op d’Presenz vu Kanner am Stot Rücksicht geholl gëtt.

ADR-Fraktioun bleift géint d'Alphabetiséierung op Franséisch

Een Dar am Ae vun der ADR-Fraktioun ass d’Alphabetiséierung och op Franséisch an de Schoulen. De Fred Keup bleift der Meenung, datt dat op Käschte vun der Lëtzebuerger Sprooch géif goen. 

Déi véiert Prioritéit vun der ADR-Fraktioun wier d’Stäerke vun der direkter Demokratie mam Organiséiere vu Referendumen iwwer enger ganzer Rei un Thematiken, huet de Fred Keup ugekënnegt.

"Der Regierung feelt et u Courage"

Wat d'Aarbecht vun der Regierung ugeet géing ee feststellen, datt et hir u Courage géing feelen, esou de Fred Keup. Hir Iddie géinge souwuel aus den eegene Reie kritiséiert ginn, wéi och aus dem "Lénksblock".

"An dat ass natierlech och fir den Här Frieden eng schwiereg Zäit, well den Här Frieden ass an engem gewëssenen Dilemma. Wann hien nogëtt, steet hien do als schwaache Premierminister. Wann hien net nogëtt, da riskéiert hie grousse Sträit ze kréien. Mol kucke wéi en doraus kënnt."

play_arrow De Fred Keup