Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Possing - Folk Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Indirekt Diskriminatioun wéinst der Nationalitéit: Belsche Frontalier kritt virum EuGH Recht

Déi gläich sozial Avantagë wéi Residenten

Indirekt Diskriminatioun wéinst der Nationalitéit: Belsche Frontalier kritt virum EuGH Recht

Um Europäesche Geriichtshaff krut e belsche Frontalier, deen hei am Land schafft, Recht. Hien hat gefuerdert, datt hien zu Lëtzebuerg vun den nämmlechte sozialen Avantage misst kënne profitéieren, wéi d‘Residenten.

auto_stories

1 min

2017 war him d‘Kannergeld entzu gi fir ee Kand, dat iwwer ee Geriichtsurteel a sengem Doheem placéiert gi war. D‘Zukunftskeess limitéiert nämlech d‘Ausbezuelung vun där Allocatioun u Frontalieren op Kanner, déi een direkte Lien mam Concernéierten hunn. Also biologesch oder adoptéiert Kanner, oder d‘Kanner vum Partner, fir déi een opkënnt. Net awer - anescht wéi bei Residente - fir Kanner, déi placéiert ginn a fir déi e Frontalier d‘Garde huet.

Déi Reegelung verstéisst géint EU-Recht, war et d‘Conclusioun vum Europäesche Geriichtshaff op d‘Demande vun der Cour de cassation.

Et géing sech hei och ëm eng indirekt Diskriminatioun op Basis vun der Nationalitéit handelen. D‘Affär geet domat nees zeréck op d‘Cour d‘appel hei am Land, déi een neit Urteel muss spriechen.