Déi Hindu-nationalistesch Partei BJP vum amtéierende Premierminister Narendra Modi kënnt op op d’mannst 37 Prozent vun de Stëmmen. D‘Oppositioun geet awer méi gestäerkt aus dëse Wale wéi erwaart.
Fir déi éischte Kéier zanter engem Joerzéngt konnt d’Partei vum Narendra Modi den Zuele vun der Walkommissioun no net déi absolutt Majoritéit erreechen an ass elo op Koalitiounspartner ugewisen. Fir eng Majoritéit am Parlament ze hunn, brauch een 272 vun den am ganze 543 Sëtz. Déi aktuell Regierungspartei kënnt viraussiichtlech op 240 Sëtz, wat engem Minus vu 44 Mandater entsprécht.
Oppositioun verduebelt hir Sëtz
Den indesche Kongress, déi gréissten Oppositiounspartei, konnt hir Sëtz bal verduebelen. Si gëllt als sozialliberal orientéiert, wärend déi aktuell Regierungspartei als rietskonservativ gëllt.
Trotz de Réckschléi huet de Premierminister vu bis elo seng Victoire scho revendiquéiert. D’Vollek hätt fir déi drëtte Kéier hirt Vertrauen a seng Partei gesat, dat huet den Narendra Modi op X geschriwwen.
Dem Modi seng politesch Géigner an och international Mënscherechtsorganisatioune bekloen zanter Joren een Demokratie-Ofbau am Land. Den Narendra Modi a seng Partei wéilten Indien zu engem Staat nëmme fir déi hinduistesch Majoritéit maachen, déi ronn 80 Prozent vun der Populatioun ausmécht.
Eng vun de gréisste Wale weltwäit
Den Narendra Modi steiert den Ament op eng drëtt Amtszäit zou an ass domat den zweeten indesche Premierminister, deem dat gelongen ass.
D’Parlamentswalen an Indien zielen zu deene gréisste Wale weltwäit. Si goufen a 7 Phasen duerchgefouert an hu ronn 6 Woche gedauert. Bal eng Milliarde Bierger waren opgeruff, hir Stëmm ofzeginn. D’Walbedeelegung louch bei ronn 66 Prozent.