Als Journalistin an als Chefredactrice fënnt d'Ines Kurschat déi Formulatioun verstëbst, seet si am 100,7-Interview. Humanismus a karitativ Sujete wieren hir zwar ganz wichteg, si wier awer och fir eng Reformuléierung vun der editorialer Linn.
Dee Richtungswiessel géif daueren, betount d'Ines Kurschat weider. Eng Deadline géif net bestoen. Et kéint een awer domat rechnen, datt an den nächste Méint weider wäert doriwwer geschwat ginn.
D'Ines Kurschat betount am Interview iwwerdeems, datt d'Wort net méi CSV-no wier. An de leschte Joren wiere bei der CSV vill "Tréine gefloss, well d'Wort net op där Plaz war, wou si vläicht gemengt hunn", dat géif fir sech schwätzen, fënnt d'Chefredactrice vum Wort a Publikatiounsdirectrice vum Mammekonzern Mediahuis.
Méi op Digitaliséierung setzen
Onofhängeg vun der editorialer Ausriichtung muss eng Zeitung, wéi all anere Betrib, sech finanziell iwwer Waasser gehale kréien. Grad als Printmedium hätt d'Wort Abonnente verluer, gëtt d‘'Ines Kurschat zou. Trotzdeem weist si sech zouversiichtlech, dësen Trend kënnen ofzebremsen.
Deemno strieft d'Wort un, nach méi op Digitaliséierung ze setzen an domat och eng méi jonk Lieserschaft ze erreechen.
"Gratiskultur" fir Noriichten erugeziicht
Eng grouss Fro fir d'Zeitung ass dobäi déi, vu wéi engem Moment un d'Lieser:inne fir de Contenu bezuele sollen. Mat de Soziale Medie wier eng gewësse "Gratiskultur" fir Noriichten erugeziicht ginn, fënnt d'Ines Kurschat.
D‘'Wort wier elo an enger experimenteller Phas fir verschidde Formater auszeprobéieren an op déi Fro eng Äntwert ze fannen.