Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst spezieller Situatioun vu Liberty Steel-Salariéen: Aktuellt Gesetz soll adaptéiert ginn

Plan de maintien dans l’emploi

Wéinst spezieller Situatioun vu Liberty Steel-Salariéen: Aktuellt Gesetz soll adaptéiert ginn

Den Aarbechtsministère wäert sech e legale Kader ginn, fir Situatiounen, wéi se aktuell fir d’Salariéen am Diddelenger Stolwierk vu Liberty Steel besteet, zukünfteg ze verhënneren. Dat sot de Minister Georges Mischo nom Konjunkturcomité an enger Manif vun LCGB an OGBL virum Wirtschaftsministère.

auto_stories

1 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Enn d’lescht Joer gouf d’Liberty-Steel-Wierk als faillite deklaréiert, nodeems zënter Mäerz 2021 schonn net méi um Site geschafft gouf. E potentielle Repreneur ass zwar fonnt, e Kontrakt gouf bis ewell awer nach net ënnerschriwwen. An hei läit d’Kromm an der Heck, well d’Salariéen hunn aktuell keen Employeur a kënnen deemno - dem aktuelle Gesetz no - net vun engem Plan de maintien dans l’emploi profitéieren a kréie kee Salaire méi.

Dem Georges Mischo no wéilt een d’Gesetz elo adaptéieren. Een Zäitplang dofir géif et zwar nach net ginn, d’Urgence vum Dossier wier awer erkannt, esou de Minister.

Nach ëmmer Mataarbechter um Site present

Wou de Prozess vun der Reprise drun ass, dozou gouf et um Dënschdegmoie keng nei Informatiounen. Am Februar war bekannt ginn, datt den tierkesche Stolgrupp Tosyali Holding drun intresséiert wier, fir de Site opzekafen. Een Datum dofir gëtt et awer nach net.

Aktuell schaffen nach eng 130 Persounen am Diddelenger Stolwierk. Eng Handvoll muss och tatsächlech nach um Site present sinn, fir Maintenanceaarbechten, fir datt d’Wierk vun engem neie Repreneur och nees direkt kann a Betrib geholl ginn.