Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Christine And The Queens - Damn, Dis-Moi Feat. Dâm-Funk

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Impfcampagne géint Polio huet ugefaangen

Noen Osten

Impfcampagne géint Polio huet ugefaangen

Eng 640.000 Kanner ënner 10 Joer kënne vun elo un an der Gazasträif géint Kannerlämung (Polio) geimpft ginn. D'Impfcampagne vun der WHO gëtt vu lokale Santésautoritéiten, der Unicef an der UNRWA duerchgefouert. Iwwerdeems mellt déi israeelesch Arméi, d‘Läiche vu 6 Geiselen evakuéiert ze hunn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Zerbor/Shotshop | Zerbor

Déi Israeelesch Arméi huet haut annoncéiert, datt si d’Läiche vu 6 Geiselen aus der Gazasträif konnten evakuéieren. Gëschter Owend hat d’Arméi schonn ugekënnegt datt si déi fonnt hätten. Elo gouf hir Identitéit confirméiert.

An der Gazasträif gouf eng Impfcampagne géint d’Polio lancéiert. Bannent e puer Deeg solle 640.000 Kanner géint d‘Kannerlämung geimpft ginn. Bei engem Kand gouf d’Polio confirméiert. Well et sech em eng Krankheet handelt déi sech séier iwwerdréit, hat d’UNO gefuerdert datt eng Impfcampagne soll erméiglecht ginn.

Et gi mobil Antenne genotzt grad ewéi all Praxissen déi et an der Gazasträif nach gëtt.