Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ierfgroussherzog Guillaume léisst eng Dependance beim Schlass vu Bierg bauen

Den Haff deelt mat

Ierfgroussherzog Guillaume léisst eng Dependance beim Schlass vu Bierg bauen

Den Ierfgroussherzog Guillaume baut eng Annex op den Terrain vum Schlass vu Bierg. Dat gouf gëschter vum Haff matgedeelt. Et gëtt eng Wunneng fir sech a seng Famill, déi méi zäitgeméiss a familljefrëndlech soll ginn, wéi dat aktuellt Schlass et ass.

auto_stories

1 min

Schlass Bierg | © picture alliance / Caro | Eckelt
Foto: picture alliance / Caro | Eckelt

Déi Wunneng wäert vun him selwer finanzéiert ginn. Et géife fir dee Bau all gesetzlech Bestëmmungen a Virschrëften agehale ginn, esou d'Prezisioun.

Den Ierfgroussherzog krut dofir d'Autorisatioun vun der Regierung an dem Grand-Duc Henri. D'Schlass selwer bleift d'Aarbechtsplaz vum Grand-Duc a vum Ierfgroussherzog.

Den 8. Oktober wäert den Ierfgroussherzog Guillaume als Lieutenant-Representant an der Chamber vereedegt ginn. Hien iwwerhëlt domat eng Partie Pouvoire vu sengem Papp, dem Grand-Duc Henri.