Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Louis Culture, Tora-i, Richie - Babe

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ILR: Chiffre d'affaires vu Colis-Servicer weider um Klammen

Regulatiounsinstitut

ILR: Chiffre d'affaires vu Colis-Servicer weider um Klammen

Och d'lescht Joer gouf et eng staark Hausse beim Ëmsaz vu Colis-Servicer, dat mellt de Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut ILR. De Chiffre d‘affaires beleeft sech op bal 95 Milliounen Euro.

auto_stories

1 min

© Bigstock / Kanokpol P.
Foto: Bigstock / Kanokpol P.

Am Ganze goufen d'lescht Joer iwwer 18 Millioune Päck hei zu Lëtzebuerg gezielt. Dat entsprécht enger Hausse vu bal 11 Prozent am Verglach mat 2022. Trotz Baisse am Volume gouf et och bei de Bréiwer eng Hausse beim Ëmsaz. Nämlech vun 10 Prozent. Dat wéinst der Erhéijung vum 2022.

De Chiffre d'affaires bei de Bréiwer läit bei iwwer 115 Milliounen Euro. D'Zuel vun de Bréiwer, déi verschéckt goufen, ass allerdéngs wéi schonn déi Jore virdrun, erofgaangen a louch d'lescht Joer bei ronn 131 Milliounen.