Der Santé no hätten 30 Prozent vun de Patientinnen a Patienten aus den Urgencë kee festen Hausdokter oder Hausdoktesch. Méi genau Informatiounen zu deenen 30 Prozent, wien déi Leit sinn, a wisou si kee Generalist hunn, huet d‘Santé awer net.
D‘Campagne, déi aus Flyeren a Plakater an Apdikten a Dokteschcabineten, sou wéi op de sozialen Netzwierker besteet, leeft bis den 23. Mäerz.
Esou sollt een, falls een eng Kéier net un säin Hausdokter oder Hausdoktesch kënnt, oder een si baussent den Ëffnungszäite bräicht, als éischt an d‘maison médicale goen, erkläert d‘Martine Deprez.
Op méi strukturell Probleemer, wéi de Manktem u Generalisten a Pediateren, ass d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez de Moie virun der Press awer net agaangen.