Mat enger glasklorer Maturitéit geet ”I Built You A Tower”, hiren Album Nummer 11, ënner d’Haut ouni vill ze probéieren
Death Cab for Cutie, den Numm vun der Band erzielt am Fong schonn eng kleng Geschicht. An och wann een hir Musek elo manner kennt, ass et een Numm, deen ee mol schonn héieren huet.
D’Band huet sech 1995 am Pazifeschen Nordweste vun de Vereenegte Staaten, an engem Viruert vu Seattle, gegrënnt. Do denkt een direkt un hir Zäitgenossen Nirvana, Pearl Jam, Alice in Chains, an domat un de Grunge.
Mee och wann Death Cab oft zesumme mat dëse Bands op der Bün stoungen, si si enger anerer Tangente vun dëser Beweegung nogaangen, hu méi emotional, méi hoffnungsvoll Musek gemaach, an der Linn vun hire Kolleegen The Dismemberment Plan, eng aner legendär Band aus dëser Zäit.
Sell-Out oder Pop-Unikum?
Anescht wéi dës hunn Death Cab for Cutie awer mat hirem Album Transatlanticism, 2003, de Sprong an d’Billboard Charts gepackt, a mat där Plack duerno an de Mainstream. An domat och an eng ganz Rei Filmer a Fernseeserien, wou hir oft melancholesch Stecker “à la perfection” gepasst hunn.
Op eemol hu si hir Schëllere mat anere Mainstream Indie-Gréisste wéi Coldplay geriwwen, mee hunn d’Breet an d’Déift vun hiren Texter an hirer Musek dofir net verwässert oder verblatze gelooss - an esou hir Authentizitéit mat an den Erfolleg eriwwergerett.
Hir lescht Placke waren deels iwwerraschend poppeg, ouni d’Particularitéit vun hirem Sound ze verléieren. Mee wat mécht hir Eenzegaartegkeet aus?
Allem viraus an am evidentste wuel dem Frontmann Ben Gibbard seng Texter a gefillvoll Stëmm, déi e bësse kléngt wéi den Teenager niewendrun, dee sech iwwer d’Keelt an d’Ongerechtegkeet vum Liewen ausléisst.
Iwwer d’Joren ass aus där Haltung eng méi mature ginn, déi Leit aus alle Liewenslagen d’Geleeënheet gëtt, matzekommen, sech ze identifizéieren, mat Freed ze lauschteren.
Mee och d’Band ronderëm ass kompetent, villäicht net onbedéngt an Terme vun Originalitéit, mee sécher an Terme vu Feingefill.
Ze vill staark Stréimung
“I Built You a Tower” gouf an enger Period gemaach, déi souwuel vun der Reflexioun iwwer d'Vergaangenheet vun der Band, wéi och vun engem bedeitende perséinleche Wandel fir de Frontmann Ben Gibbard gepräägt war.
Zu där Zäit ware si op Tournée fir den 20. Anniversaire vun den Albumen Transatlanticism a Plans ze feieren, a sinn doniewent och mam elektroneschen Nieweprojet The Postal Service opgetrueden.
Wärend dëser Period huet de Gibbard och mam Enn vu senger Bestietnes ze di gehat, wat op villen Titelen op der Plack erauszehéieren ass.
Oft schwätzen d’Texter vun der emotionaler Kompartimentéierung, déi een erfollegräicht Liewen erfuerdert, mee och vun der bal-Onméiglechkeet, dës Kompartmentalisatioun net zu Ongonschte vun de mënschleche Bezéiunge goen ze loossen.
Hie vergläicht emotional Erfarunge wéi Trauer, Trauma oder Verloscht mat engem "Tuerm" an der eegener bannenzeger Landschaft – net ze iwwersinn, wuel eidel, awer a senger Struktur erhalen.
Den Album ënnersicht d'Weeër, wéi dës Emotiounen heiansdo onerwaart erëm opdauche kënnen, trotz Efforten, se ze ënnerdrécken, a reflektéiert iwwer d'Spannung tëschent perséinlecher Verletzlechkeet an den Ufuerderunge vum Alldag.
Domat gëtt hien och zum Kommentar vun enger Welt, déi lues a lues ze schnell gëtt, fir datt mir Leit nach zu Eisem komme kéinten, a mir si verdaamt, ëmmer hannendrun ze lafen, an traureg ze akzeptéieren, datt fir d’Zesumme glécklech si scheinbar d’Zäit feelt.
Absolut Paradebeispill, wéi dës Thematik an engem staarke Lidd ka seng Plaz fannen, ass d’Single Riptides. D’Problematik, déi ufangs villäicht abstrakt geklongen huet, ass hei mat enger einfacher Metapher gräifbar gemaach, zesumme mat deene verwurrelten a fléissende Gefiller vu Verloscht an net-Nokommen, déi domat verbonne sinn.
Op “Punching the Flowers”, der zweeter Single, kënne mir eis dann de Ben virstellen, wéi hien um Wee an de Studio d’Blumme vun hire Stiller boxt, mat där déi Hëlleflosegkeet, déi den Album deels ausdréckt, mee ëmmer och temperéiert mat enger gudder Portioun Gedold, Liewenserfarung, an Hoffnung.
Och wann d’Blummen dann dës Kéier hate missen dru gleewen.
Pep-Talk ouni Selbsbedruch
“I see the tower existing on your emotional horizon. You don’t always have to look at what’s inside it, but it’s a reminder that it happened. You know it’s there. You have to face it”, esou de Gibbard an engem Interview mam Msueksblog When The Horn Blows, an ech mengen, dat reflektéiert dës Plack esou éierlech an onverschnörkelt, wéi se nëmme kann.
Och musikalesch geet dat Ganzt ënner d’Haut, ouni ze vill ze probéieren. Villäicht war et d’Spille vun hiren zwee Hit-Albummen, deen et Death Cab erméiglecht huet, hir Linn weiderzeféieren, ouni sech ze widderhuelen, an d’Suerge vun enger ganzer Generatioun, hirer, den Gen-Xer, an enger Middle-Aged Versioun guer net esou Middle-Aged klengen ze doen.
Et ass Emo, mee soft ugepak an domat bal Pop, an iergendwéi zäitlos.
Direkt zwee Titelen droen deselwechten Numm wéi den Album, “I Built You A Tower” Part 1 a Part 2, an encadréieren den Album mat suergsamem Formalismus, deen awer ni streng oder grandios gëtt.
Villäicht sinn den Opener “Full of Stars” an dat radiofrëndlecht “Pep Talk” e bëssen ze “cute” fir hir al Emo-Fans zefridden ze stellen, mee si passe perfekt eran an eng Plack, déi vu vir bis hanne stëmmeg, éierlech an expressiv ass, ouni dofir d’Nuancen dem Effekt ze afferen.
Dat mécht si musikalesch immens kloer, an textlech universal verständlech. Meeschterhaft bauen d’Museker nervös Tensiounen op, déi sech ëmmer erëm opléisen op iwwerraschend Manéieren.
Ee “Pep Talk” vun der onverschéinerter Zort.