Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Black Keys - Tighten Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schutz vun de Fraen: Lëtzebuerg muss seng Gesetzer upassen

Nationale Fraerot

Schutz vun de Fraen: Lëtzebuerg muss seng Gesetzer upassen

Fir Frae viru sexueller Gewalt ze schütze missten zu Lëtzebuerg Gesetzer ugepasst ginn: Dat fuerdert d‘Direktesch vum nationale Fraerot, d'Gabrielle Antar. Eng vun hiren Haaptfuerderungen ass et, datt de Feminicide an de Code pénal misst ageschriwwe ginn.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Et kéinte réischt Fortschrëtter gemaach ginn, wann de Feminicide am Code pénal ageschriwwe wier. Där Meenung ass d'Gabrielle Antar. D'Direktesch vum nationale Fraerot war Invitée am 100,7-Moiesstudio. Wann dëst nämlech gemaach géing ginn, dann hätt ee vill méi Donnéeën, an et géing ee wëssen, wéi vill Fraen eigenltech betraff sinn. "Well hautzedaags wësse mir dat nach net", esou d'Gabrielle Antar.

De Saachen een Numm ginn

Mee hëlleft et de Fraen och, fir si an iergendenger Hisiicht besser ze schützen, wann dat do am Gesetz steet? Déi kloer Äntwert vun der Direktesch vum nationale Fraerot: Jo.

"Natierlech, well mir een Numm op eppes maachen, wäert et d'Frae méi schützen, well da kënne si Saachen och besser beschreiwen. An dann och en terme vun d'Prosecutioun vu Männer, déi d'Fraen ëmbréngen, well si Frae sinn, ass dat och wichteg, datt mir d'Saachen och un hiren Term beweisen, datt et genau do drëms geet."

50/50 Quoten

Den CNFL widderhëlt awer och seng laangjäreg Fuerderung no méi Paritéit an de Betriber, grad wéi an der Politik.

"Mir hu lo eng Quotereegelung vu véierzeg Prozent fir d'Nationalwalen, mee den nationale Fraerot huet och historesch gefuerdert, datt mir och eng Paritéit hunn am Secteur privé, sou vill wéi am Secteur public, an datt déi Quotereegelung net nëmme fir d'Nationalwale gëllt, mee och fir d'Gemengewalen."

 Am Beschte Fall géing d'Quotereegelung bei 50/50 leien, esou nach d'Gabrielle Antar.