De Mindestloun gëtt vum 1. Januar un un déi generell Lounentwécklung vun de leschten zwee Joer ëm 2,6 Prozent no uewen ugepasst. Déi selwecht Hausse gëtt et fir de Revis, de Revenu d'inclusion sociale, a fir de Revenu pour personnes gravement handicapées.
Och d'Allocation de vie chère klëmmt, an zwar ëm 10 Prozent.
D'Pensioune ginn ab Januar ëm 1,6 Prozent an d'Luucht gesat.
Ännerunge bei de Steieren
Am Januar trëtt iwwerdeems de sougenannten Entlaaschtungspak a Kraaft. Privatstéit, mee och Entreprisen, bezuelen da manner Steieren. Vun 2025 u gëtt de Steierbarème ëm 2,5 Indextranchen ugepasst, esou datt ee manner besteiert gëtt. Den onqualifizéierte Mindestloun ass da ganz steierfräi.
Verbesserunge ginn et awer och fir elengerzéiend Stéit, déi bis zu engem Joresrevenu vun 52.400 Euro keng Steiere bezuelen.
Fir Frontalieren, déi an hirem Residenzland op Iwwerstonne besteiert kéinte ginn, gëtt et iwwerdeems ee spezielle Steierkredit.
Och d'Entreprisë gi fiskal entlaascht, bei der Gewerbe- oder der Kierperschaftssteier.
Manner Ecranen an der Schoul
Nieft dësen Upassungen un d'Präisdeierecht trieden an der Educatioun dëst Joer verschidde Reegelen iwwer de Verbuet vun digitale Kommunikatiounsapparater a Kraaft. An de Crèchë sinn digital Ecrane scho vun dësem Mount u verbueden. Am Abrëll sinn déi an der Grondschoul tabu, an dat gëllt och am Secondaire, awer eréischt vu Juni un. Tabletten, déi fir pädagogesch Zwecker agesat ginn, si mam Accord vum Enseignant erlaabt.
Déi elektronesch Signatur ass iwweregens zanter dem 1. Januar net méi iwwer den Token méiglech. D'Utilisateure kruten an de leschte Méint d'Méiglechkeet, op d'LuxTrust Mobile Applikatioun ze wiesselen, oder op de speziellen Dispositif SCAN an d'Smart-Card. Wien dat net gemaach huet an nach een Token huet, soll sech u LuxTrust oder u seng Bank adresséieren.