Den Hurrikan warn an der Nuecht op en Donneschdeg, nodeems e schonn u Stäerk verluer hat, bei Tampa op Land gestouss, dat mat Wandvitese vu bis zu 190 Kilometer an der Stonn. Mëttlerweil ass de Stuerm scho rëm weidergezunn op d‘oppent Mier.
Den Hurrikan Milton huet an Zentralflorida grouss Zerstéierung an Iwwerschwemmungen hannerlooss. Et soll och Doudeger gi sinn. Den Hurrikan war hënt bei Tampa op Land gestouss mat Wandvitessë vu bis zu 190 Kilometer an der Stonn.
D'Situatioun en Donneschdeg de Moien
Mëttlerweil ass de Stuerm schonn nees iwwert dem oppene Mier. Fir en éischte Bilan ass et momentan awer nach ze fréi, well d‘Rettungsekippen nach keen Iwwerbléck hunn.
2,6 Millioune Leit sinn ouni Stroum. Éischte Berichter no soll et och schonn Doudeger ginn. Esou zum Beispill an engem Altersheem am St. Lucie County.
Roof is gone at Tropicana Field #milton #rays
— Nick Burch (@PageWebber) October 10, 2024
Video by: Nick Friedman@mysuncoast @WESH pic.twitter.com/VME6Um351J
An der Stad St. Petersburg gouf den Daach vum Baseballstadion ewechgeblosen. Grad hei haten d‘Rettungsequippe sech gesammelt. D‘Drénkwaasserversuergung an der Stad ass zum Deel zesummegebrach.
Eisen USA-Korrespondent Philipp Crowther hat sech de Moie live aus Florida gemellt