D‘Rettungsequippen si nach ëmmer am gaange mat Booter, Helikopteren a grousse Gefierer Leit ze retten, déi am Héichwaasser blockéiert sinn. Dorënner 50 Mataarbechter a Patienten an enger iwwerschwemmter Klinik am Staat Tennessee.
De Stuerm hat virgëschter d‘Land erreecht als Hurrikan vun der zweetstäerkster Kategorie 4. Et war ee vun de stäerkste Stierm jeemools an den USA. De Stuerm gouf elo méi schwaach, mee bléift den Autoritéiten no geféierlech, wéinst staarkem Reen an dem Risiko vun Tornadoen.