Den Hunter Biden kritt virgehäit, beim Kaf vun enger Waff am Joer 2018 iwwert säin Droge-Konsum gelunn ze hunn. Hien hätt dozou falsch Aussoen op engem offizielle Formulaire gemaach, esou de Virworf.
Den Hunter Biden huet am Prozess net ausgesot an dementéiert d‘Virwërf. Am Fall vun enger Verurteelung riskéiert hie bis zu 25 Joer Prisong.