Radioen

On air

Notturno  |  Will Epstein - Oyster Bay

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Huet d'Drogeproblematik zu Ettelbréck zougeholl?

Ettelbréck

Huet d'Drogeproblematik zu Ettelbréck zougeholl?

An de leschte Méint sinn zu Ettelbréck verstäerkt Policekontrollen duerchgefouert gi bei deenen d‘Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit am Vierdergrond stoung. Mee huet d’Drogeproblematik zu Ettelbréck a generell am Norde wierklech zougeholl? A wat gëtt nieft dem repressive Volet dogéint ënnerholl?

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Archiv

D’Drogenzeen am Norde wier net vergläichbar mat där an der Stad Lëtzebuerg, seet d’Martina Kap vun der Jugend-an Drogenhëllef. Si wier méi verstoppt. Fakt wier awer, datt am Mäerz dëst Joer bal duebel esou vill Leit mat Drogeproblemer an de sougenannte Contact Nord vun der Jugend-an Drogenhëllef komm sinn, ewéi dat Joer virdrun.

Ofstand vun der Drogenzeen an der Stad Lëtzebuerg kréien

Am Februar zejoert wieren et ongeféier 25 Persounen den Dag gewiescht, esou d’Chef de Service. Dëst Joer waren et am Mäerz Ronn 45 Persoune pro Dag.

Déi Hausse erkläert sech d’Martina Kap ënner anerem doduerch, datt verschiddener Ofstand vun der Drogenzeen an der Stad wéilte kréien.

Ee weidere Grond kéint de gratis ëffentlechen Transport sinn an de Logement, deen am Norden nach méi bezuelbar wier, mengt d’Martina Kap vun der Jugend-an Drogenhëllef.

Offer ausbauen

Et wéilt een dofir seng Offer ausbauen. De Contact Nord zu Ettelbréck vun der Jugend-an Drogenhëllef ass deemno zanter dësem Joer, op Demande vun der Santé, véier Deeg d’Woch op amplaz dräi. Geplangt ass, datt de Contact-Café, wou Leit mat Drogeproblemer ënner anerem propper Sprëtze kënne froen, an Zukunft fënnef Deeg d’Woch op huet.

Et wéilt een och méi mat enger Camionnette erausfueren, esou d’Chef de Service, Martina Kap.

Keen Drogekonsumraum zu Ettelbréck

Et war och schonn d‘Iddi, een Drogekonsumraum opzemaachen. Bis elo wollt d‘Gemeng dat awer net. Och fir den neien Ettelbrécker Buergermeeschter, de Bob Steichen, ass dat weiderhi keng Optioun.

"D’Stad Ettelbréck ass awer elo kleng am Verglach zu engem Ballungsgebitt ronderëm den Zentrum oder am Süden. Dofir muss een natierlech och ëmmer kucken, wat sinn déi optimal Léisunge fir déi jeeweileg urban Raim.“

Fir e klengen urbane Raum wéi Ettelbréck wier dat net déi gëeegent Struktur.

Drogeproblemer individuell ënnerstëtzen

Den LSAP-Buergermeeschter, deen zanter gutt 9 Méint am Amt ass, ass der Meenung, et misst ee Leit mat Drogeproblemer éischter individuell ënnerstëtzen. De Bob Steichen verweist fir de präventive Volet, nieft dem Service Contact Nord vun der Jugend-an Drogenhëllef, och op ee Projet vun der Nordstadjugend mam Numm “Outreach”, dee virun engem Joer lancéiert ginn ass a sech u Jonker tëschent 12 an 30 Joer adresséiert.

„Do sinn zwee Leit, déi do schaffen, déi maachen eng Aart Streetwork, eng opsichend Jugendaarbecht, fir Jonker déi duerch verschidde Rastere gefall sinn, fir mat deenen ze kucken, datt se sech rëm kënne fänken.“

Outreach kann Drogeproblem net léisen

Et wier een effektiv do fir deene Jonken d’Hand ze reechen a mat hinnen ze schaffen. Eng direkt Ulafstell fir den Drogeproblem ze léisen, wier den Outreach awer net, betount eng vun deenen zwou Mataarbechterinnen, d'Celia Empain.

„Natierlech ass et an onser Aarbecht fir mat deem Jonke weiderzekommen, wann d’Sucht, egal ob Alkohol oder Drogen oder wat och ëmmer, sou grouss ass, datt einfach aner Saachen am Liewen net méi funktionéieren, ass dat natierlech och eppes wou mir musse mat an Ugrëff huelen, respektiv de Jonken drop opmierksam maachen.“

Gestaltung vum urbane Raum als Léisungswee

De Buergermeeschter vun Ettelbréck hofft och iwwert de Wee vun der Gestaltung vum urbane Raum d’Drogeproblematik am Garer Quartier ze reduzéieren. Geplangt ass ënner anerem eng Jugendherberg nieft der Gare zu Ettelbréck. Bis déi steet, kann et awer nach e puer Joer daueren. De Bob Steichen geet dovunner aus, datt d‘Jugendherberg a 7 bis 8 Joer steet.

Ob d’Drogekriminalitéit zu Ettelbréck a generell am Norden an de leschte Méint zougeholl huet, konnt d’Police op Nofro hin net confirméieren. Et géing een enk mam Buergermeeschter zesumme schaffe fir d’Situatioun ze analyséieren an um Terrain, zemools ronderëm d’Garen, Presenz ze weise fir géint all Zort vu Kriminalitéit virzegoen, heescht et an enger schrëftlecher Äntwert vun der Police.

Lauschterenplay_arrow