arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ House of Automobile kritiséiert déi aktuell Steierpolitik fir Firmenautoen

Autosfestival

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

House of Automobile kritiséiert déi aktuell Steierpolitik fir Firmenautoen

D'House of Automobile (HOA) schwätzt vun Nodeeler fir d'Automobilebranche zu Lëtzebuerg. Am Verglach zu 2024, goufen 2025, 5 Prozent manner Autoe vun Entreprisen ugemellt. Dëst gouf op der Pressekonferenz am Virfeld vum Autosfestival matgedeelt.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Philippe Mersch, President FEDAMO | © Morgane Weidig
Philippe Mersch, President FEDAMO (Foto: Morgane Weidig)

D’HOA schwätzt vun engem Trend mat negativ Auswierkungen op d’Concessionnairen, dee kritesch fir déi ganz Branche wier. 

Firmenautoe wieren eleng wéinst hirem bedeitenden Volume, e wichtege Facteur fir de Lëtzebuergescher Automobilmarché, seet de Philippe Mersch, de President vun der FEDAMO. 

"Les voitures de société sont un levier majeur d'une transition énergétique accélérée, car elles sont renouvelées deux fois plus souvent que les voitures des particuliers et permettent de réduire plus vite les émissions de CO2 et d'atteindre les objectifs du PNEC."

Dem HOA no wiere Firmenautoen och en essenziellt Instrument fir nei Talenter ze recrutéieren a fir dës och op Laang dauer an der Entreprise ze halen.

Den Autosfestival ass dëst Joer vum 24. Januar bis den 2.Februar.

play_arrow Lauschteren