Dës Concertsemissioun ass en Hommage un eng vun de gréisste Komponistinnen aus dem 20. an 21. Joerhonnert. D'Sofia Gubaidulina ass den 13. Mäerz 2025 am Alter vun 93 Joer verstuerwen. Ier d'Komponistin an Däitschland gelieft huet, war hier Musik fir si selwer eng Flucht aus der haarder Realitéit vun der Sowjetunioun an ee Mëttel fir méi Spiritualitéit. Zwee vun hire bekanntste Wierker stinn hei um Programm: “Sieben Worte” an “Stimmen...Verstummen”. Donieft ginn et och nach 3 Sträichquartetter, gespillt vun engem vun der Gubaidulina hire Liblingsensembelen, dem tschechesche Stamic Quartett.
Dir kënnt dëse Concert bis den 13. Mee 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Sofia Gubaidulina (1931-2025): Sieben Worte Agnė Dūkštaitė, Akkordeon Gintarė Kaminskaitė, Cello
Sofia Gubaidulina (1931-2025): Stimmen... verstummen..., Symphonie an 12 Sätz WDR Sinfonieorchester, Köln Cristian Măcelaru, Direktioun
Sofia Gubaidulina (1931-2025): Sträichquartetter Nr. 2, 3 a 4 Stamic Quartet: Jindřich Pazdera, Josef Kekula, Gei, Jan Pěruška, Bratsch, Petr Hejný, Cello