Radioen

On air

Notturno  |  Hannah Ida - Mars Man Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Hisbollah huet een israeelesche Militärstëtzpunkt ugegraff

Attack mat Dronen

D'Hisbollah huet een israeelesche Militärstëtzpunkt ugegraff

Déi libaneesesch Hisbollah huet eegenen Aussoen no e Militärstëtzpunkt am Norde vun Israel ugegraff. D‘Miliz huet an enger Matdeelung vun enger Kampfdronestaffel geschwat.

auto_stories

1 min

Et hätt bei der Attack och Affer ginn. Se wier d‘Vergeltung fir en israeeleschen Ugrëff am Südlibanon gewiescht, bei deem e Freideg e Member vun der islamistescher Hamas doutgemaach gi war. Zanter Deeg gëtt eng gréisser Attack vun der Hisbollah op Israel erwaart.

Hire Generalsekretär huet geschwuer sech ze rächen, nodeems virun zwou Wochen de Militärchef vun der Miliz, Fuad Schukr, bei enger israeelescher Attack am Raum Beirut ëmbruecht gouf.

Et gëtt och spekuléiert, ob den Iran d‘Hisbollah bei enger koordinéierter Attack kéint ënnerstëtzen.