Hie soll, esou de Virworf vun Israel, een Iwwerfall op Israel geplangt hunn, deen änlech hätt solle sinn, ewéi dee vun der Hamas de 7. Oktober virun engem Joer.
De Moien huet d'Hisbollah och den Doud vun engem zweete Chef bei dëser Attack gemellt.
Am Konflikt mat Israel zeechent sech "eng grouss Explosioun of". Dat sot de libaneseschen Ausseminister virum UN-Sécherheetsrot zu New York. Déi Explosioun géif et ginn, wann de Sécherheetsrot et net fäerdeg bréngt fir Israel derzou ze zwéngen, eng Aggressiounen ze stoppen. Dobäi géif eng Explosioun vun der Situatioun weder den Osten, nach de Weste verschounen, esou seng Warnung.